Alex Laurent mat 30 Punkten géint Tirol mam Oliver Vujakovic (Statistiken)

Um Samschden (11.01) stounge sech déi 2 Lëtzebuerger Nationalspiller am direkten Duell an Éisträich géintiwwer. Um Enn war et den Alex Laurent mat senger Ekipp “Fürstenfeld“, déi sech géint Tirol mam Oliver Vujakovic konnt duerchsetzen.

Den Alex Laurent koum op staark 30 Punkten bei der 71:58-Victoire vu senger Ekipp. Den Oliver Vujakovic huet 6 Punkten markéiert.

Statistiken vum Match –>
Statistiken_Fürstenfeld_Tirol

Par FLBB , le 12/01/2020 à 09:20