Alex Laurent verléiert iwwerraschend mat Fürstenfeld, Serie steet elo 1:1

Den Alex Laurent, deen mat Fürstenfeld an der 1/4-Finall vun de Play-offs an Éisträich (2. Liga) steet an als Zil den Opstig an déi éischt Liga huet, muss mat senger Ekipp an entshceedenden 3. Match géint Wörthersee! No engem däitlechem éischte Match (104:65) war de Match um Mëttwoch bis an d’Schlussphas spannend, mee den Außenseiter Wörthersee huet um Enn iwwerraschend däitlech mat 100:82 gewonn, d’Serie gett elo an engem 3. Match entscheet, dobäi huet Fürstenfeld mam Alex Laurent allerdéngs Heemvirdeel.

Den Alex Laurent huet 20 Punkten markéiert.

Statistiken –> Stats_Laurent

Par FLBB , le 04/03/2020 à 21:43