Avis Mortuaire

Ech hun die traurech Pflicht, Äch den Doud vum Jeanny Kerschen mattzedeelen.

Jeanny, daat während laange Joeren beim AS Zolwer an dest Joer beim BC Mess aktiv wuar, huet ausserdem och fir die technesch Kommission vun der FLBB geschafft. Mär kënnen eis alleguer nach un die sympatesch Stëmm vun Sonndesowes arenneren, wann mär iwwer Telefon d’Resultater vum Weekend duerchgesoot hun. Die lescht Joer huet Jeanny mat sengen Mann Resulater, déi elo iwwer SMS matgedeelt gin, kontrolléiert.

Am Numm vum CC, vun der CT an der ganzer Basketfamill soen sengem Mann, dem Fränz, sengen Kanner, dem Dan, Andy an Patricia, eist déiwsten Mattgefill.

Mass fir Jeanny ass haut, den 19 Mä um 16 Auer an der Kierch zu Zolwer.

P. Kesseler, CT-FLBB

Par FLBB , le 19/05/2006 à 10:06