BASKIN

Wat ass BASKIN?

Baskin ass fir de Moment ee vun den innovatiivsten Integratioun Virschléi am Sport.

Wei den Numm et seet, änelt de Baskin ganz vill dem Basket. Ze engem groussen Deel gëtt no de Grondreegele vum Basket gespillt am och Spillfeld ass dat selwecht. Den Ënnerscheed ass datt de Baskin sou adaptéiert ass datt och Spiller mat engem Handicap kënnen deel huelen. Am Baskin kann jiddereen zesummen op engem Feld Basket spillen a Spaass hun.

FLBB ass frou, dëse flotte Projet vun der Escher Gemeng mat ze ënnerstëtzen!

An der “Semaine de l'inclusion, soll Baskin de Léit mei no bruecht ginn. Mir géifen Iech all invitéieren un den Aktivitéiten deel ze huelen.

Wou? Centre Omnisports Henri Schmitz à Esch/Lalleng

Wéini? Vum 26. Juni bis den 1. Juli 2017

Um Flyer fann Dir all weider Informatiounen iwwert de Baskin an de Programm.

Par FLBB , le 21/06/2017 à 14:49