COSL Spillfest 2017

Sport a Spill fir déi ganz Famill!

Déi 36. Editioun vum COSL Spillfest fënnt dëst Joer de 25. Mee op der Kockelscheier statt. Iwwer 40 verschidden Ateliere ginn et iwwert de ganze Site verdeelt. Déi verschidden Ateliere kann een iwwert de ganzen Dag vun 10h00 un bis 17h30 ausprobéieren. Fir d'Iessen a Gedrénks ass och gesuergt. Informatiounen iwwert Navetten a weider Detailer fann Dir ënnen um Link.

« 

Par FLBB , le 11/05/2017 à 14:30