De 50.000 Kuerf

! ! ! Gewannt 50.000 € Cash  mat engem Worf ! ! !

Dat gouf et nach ni an der Total League, dat grousst Gewënnspill aus den USA huet endlech säi Wee an déi Lëtzebuerger Basket Hale fonnt! Schéisst e Kuerf vun der Mëttel Linn a gewannt den Jackpot vu 50.000 Euro mat Join an RTL!

Déi gutt Nouvelle: all Fan* dierf matmaachen a probéieren fir sech ze qualifizéieren. Eenzeg Konditiounen, et muss een den Dag vum Contest während dem Match an der Hal sinn an 18 Joer hunn. D’Qualifikatioun funktionéiert ganz einfach iwwert SMS. Fir mat ze maachen, muss een en SMS “JOIN + Numm” (Beispill: JOIN Jean Mueller) op de 62468 schécken (50cts/SMS).

All Woch ass de 50.000 Euro Kuerf an enger anerer Hal. De Contest gëtt an der Paus vun engem Match gespillt. Hei op dëser Säit fannt Dir d’Lëscht vun de Matcher wou de Contest stattfënnt:

07.03. Basket Esch – Amicale Steesel 20h30 Esch/Ho1
15.03. AS Zolwer – T71 Diddeleng 18h00 Zolwer/Scheierhaff
21.03. AB Contern – Amicale Steesel 20h15 Coque/Arena
29.03. Etzella Ettelbréck – Musel Pikes 17h15 Ettelbréck/Däichwisen
03.04. Musel Pikes – Amicale Steesel 20h45 Stadbriedemes
11.04. Amicale Steesel – T71 Diddeleng 20h30 Steesel
17.04. 1. Hallef-Finale    
19.04. 2. Hallef-Finale    
30.04. 2. Finale    

Wéi funktionéiert de 50.000 Euro Kuerf?

All Interesséierte ka sech nach bis um Enn vum éischte Véierel vun engem Match fir d’Spill mat SMS qualifizéieren. Nom éischte Véierel gëtt mat Tirage au Sort den Numm vun där Persoun ermëttelt déi beim Spill an der Paus vum Match hiert Gléck däerf probéieren. Den Numm vun der Persoun gëtt an der Hal ausgeruff. Wann déi Persoun net an der Hal ass oder sech innerhalb vu 15 Sekonne manifestéiert, gëtt en neien Numm mat Tirage au Sort ermëttelt an ausgeruff asou weider.

D’Spill fënnt an der Paus statt. Geschoss gëtt mat FIBA genormte Bäll (Size 7). Fir dierfen de 50.000 Euro Kuerf ze probéieren, muss de Spiller fir d’éischt den “30 Sekonnen Challenge” packen:

An 30 Sekonnen muss de Spiller 1 Lay-Up eraschéissen, 1 Kuerf vun der Faute Linn an 1 Kuerf vun der 3 Punkte Linn (Plaze si markéiert). De Spiller dierf sou dacks probéiere wéi e wëllt bis d’Zäit ofgelaf ass.

Wann den “30 Sekonnen Challenge” gepackt ass, dierf de Spiller de Worf vun der Mëttel Linn probéieren. Wann den Challenge net gepackt ass, gewënnt de Spiller en Trouschtpräis.

Fir de “50.000 Euro Kuerf” muss de Spiller vun hannert der Mëttel Linn op de Kuerf schéissen. De Spiller dierf Ulaf huelen, mee dierf net d’Mëttel Linn iwwerschreiden. Wann de Ball am Kuerf ukënnt an duerch de Filet fält, gewënnt de Spiller 50.000 Euro.

* Spiller/innen aus der Total League an all professionell Basketspiller aus nationalen an internationale Championater sinn ausgeschloss.

 

« 

RTL:LU – de 50.000 Kuerf

Par FLBB , le 26/02/2015 à 11:39