De Coupe-Weekend geet um Freiden lass!

Um Freiden geet et lass, een vun de spannendste Weekender um Basketjoer waart op all Basketfrënn.

An der COUPE FLBB stinn sech bei den Dammen Nitia Beetbuerg an US Hiefenech ab 19:00 Auer géintiwwer, bei den Hären spillen East Side Pirates géint Mamer (ab 20:45 Auer).

An der Saison 2019/2020 stounge sech déi 2 Dammen-Ekippen am Championnat ee Mol géintiwwer, dobäi huet sech Hiefenech 72:50 géint de Géigner duerchgesat. Hiefenech ass och den Titelverdeedeger.

Bei den Hären konnt sech Mamer an der Saison 2 Mol geint de Géigner duerchsetzen an der Saison, allerdéngs haten d’Pirates an der Coupe de Luxembourg géint Mamer gewonn.

Par FLBB , le 30/01/2020 à 19:16