De Ken Diederich huet den 12-Mann-Kader matgedeelt

De Ken Diederich huet den 12-Mann-Kader fir d’Lännermatcher dësen Donneschden an der Slowakei an e Sonnden doheem géint de Kosovo matgedeelt.

Formatioun fir en Donneschdech:
Philippe Gutenkauf (Etzella)
Alex Laurent (Fürstenfeld)
Oliver Vujakovic (Tirol)
Thomas Grün (Tréier)
Joé Kalmes (Musel Pikes)
Kevin Moura (T71)
Philippe Arendt (Sparta)
Mihailo Andjelkovic (Contern)
Vic Heuschling (Zolwer)
Lou Demuth (Gréngewald)
Clancy Rugg (Basket Esch)
Gaetan Bernimont (Racing)

Net mategeholl aus dem 15-Mann-Kader goufen de Yann Wolff, deen wéinst der Aarbecht net mat kann fléien an d’Slowakei an awer e Sonnden aplaz vum Lou Demuth spillt. Den Tom Welter (Musel Pikes, Verletzung um Réck) an de Xavier Robert Francois (Résidence) sinn net mat dobäi. Well de Clancy Rugg matspillt, dierf de Xavier Francois net matspillen, et dierf laut FIBA-Regelen nëmmen 1 agebiergerten Spiller pro Ekipp am Kader stoen.

 

Artikel wort.lu —> Artikel_Wort.lu

Par FLBB , le 17/02/2020 à 09:43