FLBB Coaches Homepage

Léiw Basket-Coachen, léiw Basket-Frenn,

 

dir fannt op desse Seiten alles waat ee wesse muss, oder wéinstens soll, wann een zu Letzebuerg op der Seitelinn aktiv ass oder well gin. Mat desser Initiative bekräftege mer eisen erklärten Wellen, dee mer jo schon öfters zum Ausdrock bruecht hun, nämlech dass d’Trainerausbildung  ee vun de Beraicher ass an deem mer musse virukommen.

 

Eng zolid Ausbildung vun den Trainer ass eng wichteg, wann net die wichtegst Viraussetzung fir eng uerdentlech Sportler-Aubildung ze garantéieren. 

 

E gudden Ufank ass kierzlech gemach gin, mat engem gudd besichten C-Léiergang, deem lo soll schnell e B nofollegen, a mat engem C fänke mer geschwenn erem vir un. Eng Kontinuitéit an deem Beraich ass ganz wichteg, mir daerfen et net bei engem ‚one-time effort‘ belosen.

 

Mat desser Plattform soll och en aaneren Aspekt, deen niewent der kontinuéierlecher Formatioun immens wichteg ass, nämlech d’Kommunikatioun zweschen de Coachen, ausgebaut a verbessert gin.

 

All Ureegung a Kommentar ass wellkomm !!!

 

Fir den CA vun der FLBB

Heng Pleimling, Präsident

FLBB Coaches Homepage

Par FLBB , le 26/11/2014 à 06:01