Gudden Start fir JOIN Regionalcamps 2016

Leschten Samschden, hunn beim éischten Regionalcamp fir d’Joer 2016 ze Diddeleng ronn 50 Kanner mat vill Begeeschterung deelgeholl.

 

Fir den 2. Camp, deen dësen Samschden, den 16.01. ze Ueweraanwen stattfënnt, ginn 100 Kanner vun den Joergäng 2003, 2004, 2005 erwaart.

 

De Regionalcamp vum Norden fënnt den 23.01 ze Miersch statt (mat ronn 60 Umellungen).

 

Oflaf vun engen Camp:

9h30 Check-in

10h00 Warm up

10h30-12h00 Training a Matcher

 

« 

Par FLBB , le 14/01/2016 à 13:04