Laurent gewënnt Play-off-Optakt, an der Serie steet et 1:0

An Éisträich hunn d’Play-offs ugefaang! Den Alex Laurent war mat senger Ekipp Fürstenfeld um Sonnden am Asaz an huet däitlech mat 104:65 géint Wörthersee Piraten gewonn. Doduerch leit d’Ekipp vum Lëtzebuerger an der “best-of-three“-Serie 1:0 fir. De Laurent koum op 12 Punkten an 8 Rebounds bei der klorer Victoire.

Statistiken –> Statistiken_Laurent

Eng Victoire gouf et och am “play-down“ fir den Oliver Vujakovic, deen sech mat den Tirol Raiders 87:79 géint Wagram Alligators duerchgesat huet, dobäi huet de Nationalspiller 26 Punkten markéiert! Schonn virun e puer Deeg hat seng Ekipp ouni den Oliver (deen mat der Nationalekipp am Asaz war) den Optaktsmatch am Play-down verluer.

Statistiken –> Stats_Vujakovic

Par FLBB , le 01/03/2020 à 20:49