Wéi de Veräin per Video-Schaltung op facebook matgedeelt huet, verlängert d’Lëtzebuerger Nationalspillerin Magaly Meynadier säi Vertrag bei den XCYDE Angels Nördlingen. Soumat wärte déi stärkst Liga an Däitschland weiderhin mat enger Lëtzebuerger Spillerin vertrueden sinn. Magaly Meynadier ass Co-Kapitänin vun der Ekipp an eng ganz wichteg Spillerin zu Nördlingen.
Foto: FIBA