Portrait vun enger Basket-Arbittesch um héchsten nationalen Niveau (RTL Rebound)

D’Cathy Donckel war e Mëttwoch den Owend 2. Arbittesch bei der 1. Dammefinall am Basket tëscht dem T71 Diddeleng an der Résidence vu Walfer.

Beim BBC Gréngewald ass déi jonk Fra lizenzéiert. Mat 18 Joer huet si mam Arbitrage ugefaangen. Éischter eng kuriéis Situatioun huet d’Cathy dozou beweegt, zur Päif ze gräifen.

Reportage –> Reportage RTL Rebound


Interview op luxembourg.basketball aus dem Joer 2020 –> Cathy Donckel am Interview: „Als Arbitter huet een keen Time-Out ze gutt“

Reportage am Rebound vun der 2. Finall tëschent Résidence an Diddeléng –> Reportage RTL Rebound

Par FLBB , le 30/05/2021 à 19:42