Reegelen fir de Baskettraining ab dem Freiden (29.05.2020)

Vum Freiden (29.05.) un start déi 3. Phas vum Deconfinement, déi och Oplockerungen fir verschidde Sportaarten, dorënner och de Basket, virgesäit. Et goufe néi Konzepter fir de Sport ausgeschafft, déi festhalen wéi Traininger am Respekt vun den COVID-19 Sécherheetsmoossnamen a Mesuren ofgehalen kenne ginn.

Am Resumé kann een festhalen, dass beim Basketspillen an der Hal:
– keen direkte kirperleche Kontakt an domat och keen Wettbewerb erlabt ass
– 2 Meter Distanz zu all Moment muss tëschent de SpillerInnen an TrainerInnen sinn.

Am Verglach zur Phas 2 vum Deconfinement huet sech am Basket geännert, dass d’Konzept vun der FLBB elo virgesäit, dass 2 SpillerInnen op engem Kuerf trainéieren dierfen, dat heescht “PASSEN“ mam Ball sinn erlabt, woubäi weiderhin allerdengs déi uewen genannten 2 Haaptreegelen mussen agehale ginn. Donieft sinn d’Vestiairen an d’Duschen erëm op.

Betounen kann een och, dass d’Entscheedung zur Ouverture vun den Sportshalen bei de jeeweilege Gemengen läit. Donieft ginn et Mesuren, déi festleeën, dass d’Material muss reegelméisseg desinfizéiert ginn an tëschent den “Traininger“ mussen Pausen gemaach ginn fir ze lëften. Jiddereen, deen wärend dem Training an der Hal ass, awer net aktiv matmécht, muss och e Mask droen.

Allgemeng Reegelen fir de Sport vum Ministère: ( régles_sport_ministère)

Par FLBB , le 29/05/2020 à 21:05