Simon: « Ech sinn mega zefridden an den USA »

D`Anne Simon huet des Saison de Schrëtt an USA gewot. D`Spillerin konnt lescht Saison den nationalen Titel mam Gréngewald gewannen an probéiert elo, de nächste Schrëtt an der Entwécklung ze maachen. Wei geet et him an den USA?

1. Wei leeft d’Saison fir dech perséinlech an fir deng Ekipp? Wei gefält et dir an den USA?

Saison fir mech perséinlech leeft wierklech gutt, ech sinn bis elo mega zefridden an kann mech och guer net bekloen wat Minutten oder sou ugeet. Mat der Ekipp hate mir vill “ups and downs”, och well 2 vun eisen Haaptspillerinen sech direkt ufanks der Saison verletzt hunn an dei ganz Saison feelen wäerten, dat war am Ufank e bëssi haart fir eis mee mengen elo wou conference Matcher ugefaange hunn sinn mir ëmmer als Ekipp besser ginn an hunn eis uneneen gewinnt. Momentan sinn ma 6-4 (6 Matcher gewonn, 4 verluer) an op der 3er Platz an der « conference », natierlech am Verglach zu deenen leschten puer Joer ass et des Joer net esou gutt mee mir probéieren dat bescht draus ze maachen. USA an méi spezifesch “Maine” gefält mir wierklech gutt! Ech sinn mega zefridden hei an kann mech och wierklech net bekloen, Leit sinn mega fein genau sou wei d`Ekipp!! Si sinn direkt zu enger zweeter Famill fir mech ginn. 🙂

2. Wat sinn deng weider Ziler des Saison?

Meng Ziler sinn natierlech mech ze verbesseren an der Ekipp do ze hëllefen wou ech nëmmen kann, sief dat Defense oder Offense. Hoffentlech packen mer et fir eis “conference” ze gewannen fir eis fir den March Madness (NCAA Tournoi) ze qualifizéieren!!

–> An der Saison stoung d`Anne vun 23 Matcher 21 Mol an der « starting 5 », am Schnëtt markéiert eis Nationalspillerin 11,7 Punkten an 4,5 Rebounds, dat an ronn 31 Minutten de Match. An der « conference » huet Simon an 9 Matcher 15,2 Punkten an 6 Rebounds de Match.

Foto: Maine University
Par FLBB , le 07/02/2020 à 05:46