English version below.
Den Alain Steffes ass säit ville Joren als Kommissär op Basketmatcher am Asaz. Um Mëttwoch ass hien am Euro Cup vun den Dammen beim Match Saint-Amand géint BC Winterthur aktiv.
Zesummen mam Georges Wolzfeld a Marc Mouton, den 2 Arbitteren vum Match, huet sech den Alain Steffes um Dënschden-Owend op de Wee op Saint-Armand gemaach. „Et ass natierlech flott, dass mir och emol zu 3 zesummen kennen op e Match fueren, dat kënnt soss eigentlech net fir », sou den Alain Steffes.
Als Kommissär um Dësch ze setzen, dat ass eng Aufgab, déi Verantwortung mat sech bréngt: „Als Kommissär iwwerpréift een d’Aarbecht um Dësch, et hëlt een den Arbitteren eng Rei administrativ Aufgaben of an et reagéiert een falls Saachen schif ginn. Am Géigesaz zu der Meenung vun ville Leit hunn mir keen direkten Afloss op de Match, nëmmen wann et Diskussiounen ginn oder eppes schif gaangen ass, sief et mat der Auer, mam Spillbou oder soss e Feeler, dann gräife mir eventuell an. Mat de Leit um Dësch schafft een deemno ganz enk zesummen. «
Bei internationale Matcher, wéi deen e Mëttwoch-Owend, kommen weider Aufgaben dobäi. „International Matcher sinn méi komplex, mir mussen den Dag virum Match ureesen an hunn um Moien vum Match e Meeting wou déi wichtegst Saachen beschwat ginn. Mir kontrolléieren och d’Sportshal, Trikots an d’Lizenzen an stinn am enke Kontakt mam Manager vun der Ekipp. Nom Match schreiwe mir och e kuerze Rapport an eng kleng Bewäertung zu den Arbitter », sou den Alain Steffes.
Mee wéi gëtt een eigentlech Kommissär? Hei hëlleft et wann een Erfarung als Arbitter huet fir den Oflaf vun engem Match ze kennen, allerdéngs ass dat net onbedéngt noutwenneg. „Wien Kommissär wëll ginn, kann och e Stage mat Leit wéi mir maachen, dann kritt een gewisen wéi e Match ofleeft an wourop een alles oppassen muss. »
Dësen Artikel geheiert zur Rubrik « Wat mécht eigentlech? », wou mir mat Leit schwetzen, dei eng wichteg Roll an engem Basketsveräin hunn. Wéider Artikel an der Rubrik:
– Wat mécht eigentlech en “team manager” ? De Roby Fehlen erkläert déi vill Aufgaben
Wat mécht eigentlech en Assistant-Coach? De Pit Rodenbourg erkläert seng (vill) Aufgaben
English version:
Alain Steffes has been a basketball commissioner for many years. On Wednesday he will represent Luxembourg in the ladies’ Euro Cup during the game Saint-Amand against BC Winterthur.
Together with Georges Wolzfeld and Marc Mouton, the two referees of the game, Alain Steffes will drive to Saint-Armand on Tuesday-evening. „It’s great to be able to go to a match together, this is usually not the case, » says Alain Steffes.
Being a commissioner on the game-table is a task that comes with responsibility: „As a commissioner, you review the work on the game-table, you take on a number of administrative tasks for the referees and you react in case things go wrong. Contrary to many people’s beliefs, we have no direct influence on the game, only if there are discussions or something went wrong, be it with the clock, the game bow or any other error, then we may intervene. We therefore work together very closely with the people at the game-table. «
At international games, such as the one on Wednesday-evening, further tasks are added. „International games are more complex, we have to arrive the day before the match and have a meeting on the morning of the match where the most important things are being discussed. We also control the gym, jerseys and licenses and are in close contact with the team managers. After the game, we also write a short report and a small rating of the referees“, says Alain Steffes.
But how does one actually become a commissioner? Here, it helps if one has experience as a referee to know the process of a game. However, this is not necessary. « Whoever wants to become commissioner can also do an internship with people like me, then you will be shown what the procedures of a game are and what you have to pay attention to. »
This article is part of a rubric « Wat mécht eigentlech? », a rubric in which other other important members of club and their roles are explained. Pit Rodenbourg (assistan coach) and Roby Fehlen (team manager) already explained their roles, see the articles here.
Wat mécht eigentlech en “team manager” ? De Roby Fehlen erkläert déi vill Aufgaben
Wat mécht eigentlech en Assistant-Coach? De Pit Rodenbourg erkläert seng (vill) Aufgaben